Diskriminatioun an der Schoul

Wéi een se erkennt a vermeid

Hei um Site hues de gewëss scho gelies,  dass Jongen a Meedercher net onbedéngt de selwechte Schoulparcours hunn. Dat ass meeschtens drop zréckzeféieren, dass si vu Stereotypen oder ale Gewunnegten beaflosst ginn, déi een „artifiziellen“ Ënnerscheed tëschent Jongen a Meedercher maachen.

Fir deem entgéinzewierken versichen d’Enseignanten haut ee geschlechtergerechten Schoulsunterrëcht ze halen. Dat ass ee ganz wichtegen Aspekt vun dénger Ausbildung, nämlech dass Jongen a Meedercher an der Schoul gläichgestallt solle ginn. Op der Uni Lëtzebuerg ginn et esouguer Leit déi sech mat deem Thema befaassen.

Si kucken dono, dass zoukënfteg Schoulmeeschter, Léierinnen a Proffen richteg preparéiert ginn, fir ee geschlechtergerechten Unterrecht ze halen. Zu deene Leit gehéiert d’ Pr. Dr. Christel Baltes-Löhr. Mir hunn eis mat hir ënnerhalen.

Diskriminatiounen an der Schoul geschéie net vu Mutwëll, a sinn heiansdo souguer op gutt gemengte Virsätz zréckzeféieren. D’Christel Baltes-Löhr zielt zum Beispill vu Situationen, wou Proffen trotz guddem Wëllen Ennerscheeder tëschent Jongen a Meedercher erviirsträichen: „Wann zum Beispill am Wäitsprong ee Jong 3,8o m spréngt an d’Meedchen 4 Meter. Do huet ee séier gesot:

-        kuck wat d’Meedche wäit sprange kann!

Dat stëmmt zwar, mee d’Geschlecht sollt am Kader vun enger Turnstonn net relevant sinn. Deen deen dat gesot huet, zitt automatesch eng Linn tëschent dë Performancen vun engem Meedchen an deene vun engem Jong.

Thematiséieren, oder net thématiséieren?

 

Fir dat ze vermeiden, mengt d’Christel Baltes-Löhr dass een net onbedéngt op d’Geschlecht soll pochen. Di eng sprangen ebe méi wäit wéi di aner, oder si rechne besser, oder léiere méi oder manner séier hir Matière, onofhängeg dovun, ob si e Jong oder e Meedche sinn.

Esou Saachen solle vun de Proffen a Schüler als normal gesi ginn, a net onbedéngt mam Geschlecht verbonne ginn. Den zoukënftegen Enseignanten brénge mir och bäi, dass se zu deem Thema authentesch solle bleiwen a net solle versichen déi Froen ze dramatiséieren“, erkläert D’Christel Baltes-Loehr.

Wat net soll verhënneren, dass een emol an der Klass iwwert d’Geschlecht diskutéiert. D’Christel-Baltes Löhr mengt nämlech och, dass d’Enseignanten sech sollen aktiv dofir asetzen, an hire Coursen eng geschlechtergerecht Pädagogik ze féieren.

Tatsächlech ginn et bal ee Véierel vun den Enseignanten hei am Land déi dat versichen.

Dat seet eng Etude aus, déi d’Uni Lëtzebuerg an eise Spillschoulen, Grondschoulen a Lyéeën duerchgefouert huet.

Méi doriwwer muer, op www.echsimega.lu

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS