Diskriminatioun an der Schoul (2)
Proffen hunn eng Viirbildfunktioun
An der Schoul passen Proffen ëmmer méi drop op, hieren Cours méi genee un Jongen an u Meedercher unzepassen, dh. si maachen emmer méi e gendergerechten Unterricht.
Dat seet op jidde Fall eng Etude déi 2008 vun der Uni Lëtzebuerg gemaach ginn ass. All Proffen, Schoulmeeschter a Léierinnen konnten bei der Etude fräiwëlleg matmaachen. Eng 25,72 % vun den Enseignanten hunn de Questionnaire ausgefëllt an zréckgeschéckt.
Der Pr.Dr. Christel Baltes no, ass dat eng héich Zuel, déi drop hiweist, dass d’Enseignanten sech vill Gedanken iwwert d’Geschlechterfroen maachen. Tatsächlech hunn 83,6 % vun hinne gesot, si géifen ee geschlechtergerechten Unterricht halen.
Aus der Etude geet och erviir, dass Leit, déi kee Problem domat hunn, hiert Privatliewen an hire Beruff ze vereinbaren éischter d’Genderthematik an hirem Cours integréieren.
Dat ass ganz wichteg. D’Christel Baltes Löhr erkläert nämlech, dass Enseignanten vis-à-vis vun de Schüler eng Virbildfunktioun hunn. Schüler verhale net nëmmen dat wat d’Léierpersonal seet a mengt, mee si passen och op, wéi sech hire Prof oder hire Schoulmeeschter vis-à-vis vun de Schüler an de Schülerinne behëllt.
An anere Wierder: Wann een Enseignant d’Gläichstellung fir sech selwer als wichteg ugeseit, fält et him wahrscheinlech méi liicht Schüler a Schülerinne och gläich ze behandelen.
Muer gëss de gewuer wéi et mat der Sexualerzéihung steet, a wéini ee Witz ophällt, witzeg ze sinn








COMMENTS