"de läb" - wat ass dat dann fir eppes??? a.k.a "d'biografie"

deläb“de läb” ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen am Joer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp gegrënnt ginn ass - dëst no joerelaangem gemeinsame Musizéieren an Experimentéieren. Mat südlännesche Racinen an ënnert dem Afloss vun der Minetter Sonn hunn déi 3 Kollege scho relativ fréi hier musikalesch Oder entdeckt a gefuerdert.

Link fir op myspace: http://www.myspace.com/delabsound

1999 fënnt den éischten aktive Kontakt mat der Kultur statt an zënterdeems sinn déi 3 rhythmesch Borschten net méi ze bremsen. De Corbi (raps + beatmaker), David Fluit (raps + cuts), an de Spenko (beatmaker + cuts), verkierpere gekonnt a mat engem gudden Hauch Ironie déi „nei Schoul“, dëst mat der Astellung vu gëschter, a presentéiere sech funky, fresh a mat enger gesonder Portioun Humor. Sie hun awer seit 2009 nach een Neien an hierer Trupp adoptéiert an do schwätzen ech vum Lomki aka Jean-Francois du Marché (live-dj + beatmaker), deen sie och schon seit Laangem kennen.

Am Läb-Keller gëtt ausschliisslech op lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik bis hin zu méi perséinleche Sujete gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb-Sprooch analyséiert an interpretéiert. Hier Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mee och deen een oder anere Message fir nozedenken. Wat “de läb” sou speziell mécht, ass, dass een dëse Grupp net an eng bestëmmte Musekskategorie aklasséiere kann. Souwuel Jazz, Funk, Trip Hop wéi och realen Hip Hop sinn an hierer Musek enthalen a suerge fir aussergewéinlech Beater an fir gutt Stëmmung.

Am Joer 2007 feiert “de läb” seng éischt offiziell Release; „d’Wourecht EP“ kënnt op de Maart. Am selwechte Joer nach gewënnt "de läb" den Elie Music Award, dëst an der Kategorie fir „Best National Hip Hop“. Chrëschtdag 2008 brengt "de läb" seng zweet EP eraus mam Titel "Dee mat der Kaz danzt", dei ganz gudd am vollek unkomm as. Chrëschtdag 2009 brengen se dann "Sich d'Pärel tëscht de Sai Remix EP" eraus wou se hier 2 éischt CD'en geremixt kruuten vun villen top Beatmaker aus eisem Ländchen.

Sie schaffen elo un hierem éischten kompakten Album deen 2011 soll erauskommen, an tëschenzeit leeft aawer schon hier eischt single dovun "de läbdance" op den Radiostatiounen erop an erof. Niewent der harmonescher Gruppenaarbecht gëtt awer och nach individuell gebastelt. Sou huet jiddereen nach niewebäi puer Projete lafen. 2007 bréngt de David Fluit seng Mixtape „real music is gonna last“ eraus, déi en zesumme mam Nikkel K fabrizéiert huet. De Corbi verëffentlecht mam Edvice d’Compilatioun „Schemotape“ a gewënnt nach am selwechte Joer de Freestyle Battle „Clash Mc“. De Spenko sengersäits hellt u verschidde Projeten deel, wou hien ebenfalls als „Beatmaker“ säi Pefferkär bäisteiert. Ausserdeem ass heen als Graphik-Designer fir de grapheschen Deel vum Läb zoustänneg. Ausserdem huet de Corbi an den David Fluit divers DJ- an MC Workshops gemaach, wou se souwuel an d'Lycéen wéi och an d'Jugendheiser queesch duerch d'land gaang sin. Sie hun och un engem Théaterstéck mat Jugendlechen geschafft, de Projet "ID", wou se fir de Rap-Deel zoustänneg wuaren an daat ganzt och musikalesch ënnermolt hun.

"de läb" as eng richteg Liveband, dei d'Publikum gären matrappt an dozou zwengt matzefeiern an fir den Live-Effekt ze verstärken, hun se mettlerweil an hier Live-Show och richteg Instrumenter eranbruet. Sie hun mettlerweil vun der klengster Bistro's-Théik bis zu greisseren Bühnen d'Land onsecher gemaach, enner villem aanerem hun se 2009 um Rock A Field Publikum verzaubert, dei eng oder aaaner Fete de la Musique gerockt, Food for Your Senses, Eat Your Feet Festival, an nach vill mei, dest Joer wärten se dann och um Rock um Knuedler mat vun der Partie sin. Fiirgrupp wuaren se schon fir de Guru's Jazzmatazz (lieweg Legend vun Gang Starr), Thomas D (Fanta 4), Yarah Bravo, Dan le Sac vs. Scroobius Pip, asw...Och am Ausland hun se sech um EuroSonic Festival zu Groningen blécken gelooss, oder sie wuaren mol zu Gaascht hei fiir an onseren Nopeschlänner, an fir d'Kiischt op de Kuch, fueren se am Oktober op d'Weltaustellung op Shanghai wou se Letzebuerg musikalesch représentéieren gin.

Also eppes as secher "de läb" ass mëttlerweil net méi aus der lëtzebuerger „Museks Szene“ ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat si hieren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.                                                                                                          

                                                                  by Lisa "la chatte" Keiffer

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS