De Basketscoach ass eng Fra
Nancy Liebermann, éischte weibleche Coach an der NBA
Dallas Mavericks heescht di männlech Basketballséquipe déi d’Nancy Lieberman als Coach huet. Domat ass dat di éischt Equipe aus der NBA wou eng Männeréquipe vun enger Fra trainéiert gëtt.
Fir genee ze sinn, geet et em eng Equipe aus der NBA Development League; also eng zweetrangeg Liga, déi dozou déngt nei Talenter ze trainéieren éier datt di beschte Spiller an di richteg NBA Liga opgeholl ginn.
D’Nancy Liebermann ass wahrscheinlech di bekanntsten an erfollegsräichten Basketspillerinn an den USA. Si ass Member vum Basketball Hall of Fame an huet an den 80er souguer an enger Männeréquipe gespillt.








COMMENTS
12|01 BY KRIER
Hey wisou net kann grad sou gudd sin wie en typ :)