Dageselteren: ee flotten Job, och fir Männer
Vir vill Leit déi schaffe ginn an eng Betreiung fir hir Kanner brauchen, sinn d'Dageselteren, oder "assistants parentaux et assistantes parentales" eng interessant Léisung. Obwuel dee Beruff haaptsächlech vu Fraen ausgeübt gëtt, ginn et zu Letzebuerg och véier Männer, déi d'Genehmegung vum Familleministère kritt hunn. Si hunn also d'Recht ee Beruff auszüben, wou si bei sech doheem ëm aner Leit hir Kanner këmmeren. Bis zu fënnef Kanner däerfen si doheem ënnerkréien, fir eng Durée déi vum Ministère festgesat ginn ass. Zu Letzenuerg hunn d'Dageselteren och eng speziell Agence.
Vläicht wors du selwer schonn eng Kéier als Baby-sitter agestallt. Wann s du gutt eens gëss mat Kanner, an et mécht dir Spaass dech ëm si ze këmmeren, da kann dat eng flott Art a Weis sinn fir Täschegeld ze verdéngen. Vu 15 Joer un kanns du nämlesch als Baby-sitter bezuelt ginn. An deem Fall hues du awer besser, dech méi iwwer den Job z'informéieren, andeems du hei klicks ...








COMMENTS
17|05 BY SONYYY
Ech sin interesseiert :)