"Boys don't cry"

743px-Weeping_Parisian_from_NARA_Ww2-81Vläicht kenns du d'Lidd vun "the Cure": "Boys don't cry". Do zielt de Robert Smith wéi schlecht et engem Jong geet, deen ze stolz ass fir seng echt Gefiller auszedrécken. (iwwregens ass dat eng M=GA Inspiratioun fir de Song Concours). Wéi steet et dann? Kräische Jonge manner wéi Meedercher?

Aendokteren hunn tatsächlech ausgerechent dass Fraen véier mol méi oft Tréinen an d'Ae kréien wéi Männer. Bis zu 64 mol am Joer géing dat bei de Fraen geschéien. Demno géingen d'Männer ëmmerhin 16 mol Waasser an d'Ae kréien (aha!). An dach bedeit dat net dass Fraen méi emotionnell wieren.

Fir hir Tréinen ass eng Hormon zoustänneg déi näischt mat Gefiller ze dinn huet. Déi Hormon setzt sech bei der Pubertéit bei de Fraen an. Bei enger stereotypescher Edukatioun kritt ee gesot, dass Tréinen en Zeechen vu Schwächt an emotionnell Instabilitéit sinn. Traditionnell gin effektiv d'Jonge ganz fréi dovun ofgehalen ze kräischen, woubäi et de Meedercher heiansdo regelrecht bäibruecht gëtt!

Dat wor net ëmmer sou: am Mëttelalter zum Beispill, huet ee Mann sech net bräichten ze schumme wann hien aus Roserei, Freed, oder Verzweiflung gekrasch huet.

Haut bleiwt et dobäi dass Tréinen eng vu villen Art a Weisen sinn, wéi ee staark Gefiller ausdréckt. Wéi oft hues du zum Beispill ee Fussballs- oder Tennisspiller gesi kräischen? Nodeems ee Goal geschoss ginn ass oder ee Match verluer gouf.

De Mann op eisem Bild kräischt, well d'Amerikanesch Arméi 1944 grad Paräis befräit huet. Mengs du dass heen och der Meenung ass, dass Jonge keng Tréine an d'Ae solle kréien? Kräischen ass weder männlech nach weiblech, mä einfach mënschlech a Gesond, wann een engem stressegen, oder spannende Moment ausgesat ginn ass.An dofir braucht een sech net ze schummen. Wat mengs du?

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS