Born to be wild?
Jonk sinn, wat ass dat?
Och déng "Al" haten eng Kéier 16 Joer, an hunn deemols vläicht
genau di selwecht Dommheete gemaach, déi si dir haut wëlle verbidden. Oder net? Sinn di Jonk vun deemols
verschidden vun de Jugendlechen vun haut?
Déi Fro gët an enger Ausstellung opgeworf, déi bis den 10. Abrëll am Stater Musée ze gesinn ass: "Born to be Wild" heescht déi Expo déi mat enger ganz dynamescher mise en scène d'Jugend vun 1950 bis 2010 ënnert d'Lupe hëllt.
Op eng lëschteg Art a Weis kriss de do mat, wéi di Jonk sech am Laf vun de Jorzéngten ugedoen hunn, wéi se schwätzen oder geschwat hunn, wou se erausgoungen a wéi wichteg d'Musék fir si ass.
Bezéiungen
Do fënns de och eraus wéi sech d’Verhältnisser tëschent Jongen a Meedercher iwwer d’Joren geännert hunn. Een Deel vun der Ausstellung befaasst sech nämlech och mam ganz wichtegen Thema vun de Jonken, de Bezéihungen an der Sexualitéit. Ënnert Anerem gëss de gewuer, dass di éischt Opkläerungscoursen1970 an de Schoulen opgetaucht sinn.
Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg14, rue du Saint-Esprit
L-2090 Luxembourg
Fotoen:
© MHVL, photo: C. Weber, 2010








COMMENTS