Ass Sumo Ringen MEGA?
Fraen interesséieren sech och dofir
Vläicht hues du Sumo schonn op der Tele gesinn, wann zwee déck Männer versichen een deen aneren aus engem Krees ze drécken. A Japan ass Sumo Ringen nach méi beléift wéi bei eis de Catch! Sécher hues du och gemierkt dass et haaptsächlech (imposant) Männer sinn, déi op de Ring trieden. Elo heescht et awer, dass vill Frae sech och fir Sumo interesséieren. An dat huet ee ganz bestëmmte Grond.
Während méi wéi dausend Joer wor Sumo een traditionnelle Männersport a Japan. D'Frae haten kee Recht de Ring ze betrieden, well dat eng "helleg" Plaz sollt sinn.
Seit 1996 huet sech dat geännert, well dee Moment di japanesch Federatioun fir Fraesumo entstanen ass. Déi koum net vun ongeféier, mä well di international Fraefederatioun gedréckt huet fir dass Japan de Fraesumo unerkennt. Ausserdeem gëtt et fir Japan een aneren, ganz wichtegen Argument fir Fraesumo ze promovéieren. Zanter den 80er Joren versicht Japan säi Nationalsport z'exportéieren. Dozou gehéiert, dass Sumoringen enges Dags als olympesch Disziplin unerkannt gëtt. Fir dat awer z'erreechen, muss di Sportart souwuel fir Männer wéi fir Fraen op sinn.
Anscheinend kéint den éischten olympesche Match am Joer 2020 stattfannen, falls Japan d'Erlaabnis kritt, fir di olympesch Spiller z'organiséieren.








COMMENTS