Ask Professor Twain

Huet d'Sprooch ee Geschlecht?

Mark TwainEe Bam ass männlech, seng Friichten sinn awer weiblech. Dogéint bleiwe seng Blieder neutral.
Esou funktionnéiert eis Sprooch eben; d’Nimm hunn ee Geschlecht, genausou wéi mir. Awer am Géigendeel zu eis, ass d’Geschlecht an der Sprooch net ëmmer begrënnt, a kann eis esou richteg duerchanee maachen.

Genau dat huet den amerikaneschen Schrëftsteller Mark Twain festgestallt, wou heen iwwert di Däitsch Sprooch geschriwwen huet (That awful German langauge, 1880).

An deem witzegen Text zielt en dass et fir en Englänner einfach onméiglech ass ze verstoen firwat „Rübe“ ee weiblecht Geschlecht huet, während ee „Mädchen“ guer kee Geschlecht huet, mee neutral bleift.

Grammatik vs Bio

D’grammatescht Geschlecht huet keen Zesummenhang mam biologesche Geschlecht. Dass en Dësch, obwuel en e männlechen Artikel huet, weder Mann nach Fra ass, liicht engem jo an, oder?

Trotzdem hu verschidde Chercheuren an der Neurologie (d’Wëssenschaft déi sech mam Gehir beschäftegt) erausfonnt dass d’Geschlecht vun de Wierder een Afloss op eist Behuelen hunn. Wann een zum Beispill „de Polizist“ seet, denkt ee jo un eng aner Persoun, wéi wann een d’Wuert „Polizistinn“, héiert.

Fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, dass d’Fraen och ee wichtegen Bestanddeel vun der Geselleschaft sinn, gi vill Wierder hautsedags feminiséiert. Demno gëtt et Ministeren a Ministerinnen, Méchaniker a Mechanikerinnen etc. De Géigendeel ass och de Fall. Zum Beispill ass a Frankreich de Beruff vun der „Sage-Femme“ (Hiewamm) fir d’Männer als „maïeuticien“ ëmgedeeft ginn.

Eng komplett Lëscht vun den männlechen a weiblechen Titelen a Funktiounen fënns du am Online Dictionnaire vum Ministère fir Chancegläichheet.

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS