Am Joer 2009 goufen et 457 Ofdreiwungen

De Planning familial mellt, dass 457 Fraen déi zu Lëtzebuerg wunnen d’lescht Joer ofgedriwwen hunn. Am ganzen waren se zu 245 déi mat der Hëllef vum Planning Familial hir Schwangerschaft ofgebrach hunn.

D’Ofdreiwung gëtt zu Lëtzebuerg duerch d’Gesetz vun 1978 geregelt, an ënnert verschidde Bedingungen vun engem Dokter praktizéiert.

Seit 2009 däerf beim Planning familial och de sougenannten “avortement médicamenteux” duerchgefouert ginn. Do gëtt d’Schwangerschaft mat engem Medikament gestoppt, ënnert der Opsiicht vun engem Dokter. Wann ee Mannerjäreg ass, braucht een d’Erlabnis vun den Elteren fir ofzedreiwen.

 

COMMENTS

24|05 BY MAUZIEE

fir en meedchen wou réicht 14-15 Joer huet verstinn ech dat io... mee ech fannen et schued datten sou vill fraen dei schwanger ginn ofdreiwen... dat muss sech dach komesch ufillen en menschenliewen sou fréi schon ze stoppen!


01|06 BY RITA

Fannen dat meger krass !
Also fier net schwanger ze gin soll en mol en Kondom benotzen.
An seu wei seu ... dei Ofdreiwungen ass genau seu schlem wei en Mensch emzebrengen.




Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS