A Zeeland Vulle kucken goen, a mam Zelt an de Summer ran!

SNJ verëffentlecht Aktivitéitsbrochure 2011

Di nei Brochure mat den Aktivitéiten 2011 vum SNJ ass eraus, a vun elo un kanns du dech fir all Aktivitéit umellen, per Fax, Courrier oder Internet. D’Brochure kriss du och um SNJ als Download.

Dat ganzt Joer duerch bidd den SNJ eng Rei Aktivitéiten. Highlights an der Schoulzäit sinn d’Week-Ender mat Theme wéi Natur, Kultur, Sport an Adventure, mä och d’Atelieren déi an deenen ënnerschiddlechen SNJ Centren a bei de Partneren vum SNJ uechter d’Land stattfannen.

Sech aschreiwen geet och online.                         

Week-End oder Kolonie

An de Fréijors- a Summervakanzen bidd den SNJ nach méi Aktivitéiten, mat thematesche Campen a Kolonien.

All dat sinn mega Geleeënheete fir aner Leit kennenzeléieren, Spaass ze hunn a flott Erënnerungen ze kréien.

D’Aktivitéite vum SNJ riichten sech un all Altersklassen tëschent 4 a 35 Joer. An der Brochure kriss du ausféierlech Informatiounen iwwer all Aktivitéit, souwéi iwwer d’Struktur vum SNJ an iwwer di eenzel Centren hei am Land. Ausserdeem gëss du och méi iwwer d’Formatiounen vun Animateure gewuer, falls dir den Ëmgang mat Kanner oder mat Jugendlëcher zouseet.

Méi Info ënner: www.snj.lu

 

COMMENTS



Les informations provenant de sources externes et contenues sur le présent site ne reflètent pas nécessairement l'avis ou le point de vue du ministère de l'Egalité des chances

mentions légalescontact us

  • SHOUTBOX
  • Downloads
  • MEGA SONGS