Eng Hausfra generéiert 3.500 Euro de Mount
Géing een d’Aarbecht vun enger Hausfra
bezuelen, da géing se am Duerchschnëtt 3.500 Euro de Mount kréien. Dat seet eng
Etude déi vun enger englescher Charity Organisatioun geleet ginn ass.
D’Info ass
duerch eng sëllegen Internetsite gelaf, ouni dass mer di genau Etude konnten
opdreiwen. Interessant ass op jidde Fall d’Rechenart a Weis. Fir all Tâche déi
eng Hausfra mécht, ass den entspriechenden, offiziellen a bezuelten Job
erausgepickt ginn: Botzfra, Babysitter, Chauffeur etc. D’Tariffer sin
deementspriechend ausgerechent ginn.
Mat 70
Stonnen Aarbecht d’Woch, géing dann d’Rechnung esou opgoen: 3.500 Euro de
Mount, 6 Stonne Schlof nuets an 1 Stonn Fräizäit den Dag.