Ech fannen dess action ganz flott, mais leider gesin ech en Problem mam
suivi vun deser action, an dem encadrement soubal dei Jofferen schaffen
gin. Meeschtens gin se an enger Entreprise empfaang dei stereotypesch
organiseiert as. Oder hutt Dir schon oft en Mann gesin als Sekretär vun
engem Chef de service ? Alleng ech als Fraa, sin schon eng Ausnahm well
ech an der Informatik schaffen. Oft gesäit ee Fraen an engem Guichet,
dei alltäglech Arbescht maachen (dei langweileg). Männer ob der aanerer
Seit dierfen sech mat speziellen Dossiers ofgin an sinn dann oft
Conseiller, woubei d'Fraen ob der Streck bleiwen, obwuel se besser
ausgebild sin wei verschidde Männer. An 40 Joer laang schaffen, an
selwer missen nokucken wei dei eegen compétences, idées, an motivation
emmer mei schrumpf, as immens traureg...
(vum Karin)