Eng 87 %
vun de Jugendlecher zu Lëtzebuerg am Alter vun 18 bis 24 Joer, wunnen nach
(offiziell) bei hiren Elteren.
Meedercher
gi méi fréi onofhängeg wéi d’Jongen. Dat kënnt aus enger Étude eraus, déi kuckt,
a wéi engem Alter di Jonk d’Elterenhaus verloossen. Am Alter vun 25 bis 35 Joer
sinn et just nach 9,8 % vun de Meedercher déi bei den Eltere wunnen. Jongen am
selwechten Alter liewen zu 30,4 % am Elterenhaus.
Dat erkläert sech deelweis doduerch, dass Meedercher méi fréi bereed sinn, eng Bezéiung
ausserhalb vum Elterenhaus ze féieren, a mat hirem Frënd an di eege Wunnéng
ranzeplënneren.