Zu Véianen leeft demnächst de Salon vun der
Karikatur a vum Cartoon. D'Thema dëst Joer ass: "l'homme
au foyer". Comic Zeechner a
Cartoonisten aus der ganzer Welt maachen ab den 8. Mai do mat, an huelen
dat traditionellt Bild vum Mann a vum Stot op d'Schëpp. De Salon leeft
bis de 6. Juni, ënnert dem Patronage vun der Ministesch fir
Chancegläichheet, Françoise Hetto-Gaasch.
Ok, hei geet em Karikaturen... mee am richtege Liewen, do ginn et
Männner déi Tatsächlech am Stot bleiwen a sech ëm d'Kanner këmmeren, an
och nach dobäi kachen a botzen ...